Leider gëtt et nach keen offiziellen Download! Eng offiziell WordPress-Installatioun gëtt eréischt erausginn, wann all Saaz iwwersat ass. Well dëst bei 5 000 Sätz  nach eng ganz Zäit brauch, kënnt Dir hei ënnendrënner d’Sproochepäck um aktuelle Stand eroflueden, déi et erméiglechen fir ee Site op Lëtzeburgesch opzesetzen.

Ee Sproochepak besteet an der Regel aus 2 Dateien, déi richteg heeschen mussen an an dee richtege Rëgester vun Ärer WordPress-Installatioun kopéiert musse ginn. Soss näischt. Fänke mer also vir un:

WordPress op Lëtzebuergesch

Fir d’éischt gi mer déi zwou Sproochepak-Dateien vun der Haaptinstallatioun sichen:

Klickt op https://translate.wordpress.org/projects/wp/dev/lb/default/export-translations?format=po a späichert d’Datei.
Klickt op https://translate.wordpress.org/projects/wp/dev/lb/default/export-translations?format=mo a späichert d’Datei.
Gléckwënsch, Dir hutt elo den aktuellste Sproochepak fir WordPress!

Op Ärem Computer nennt Dir dës Dateien elo an “lb_LU.po” respektiv an “lb_LU.mo” ëm a lued se an de Regëster “wp-content/languages” vun Ärer WordPress-Installatioun erop:

WordPress Sprooche-Regëster

 

Elo kënnt Dir an den allgemengen Astellunge vu WordPress Lëtzebuergesch als Website-Sprooch auswielen (eventuell gëtt hei de Sproochecode, also “lb_LU” ugewisen), an Äre Site schwätzt Lëtzebuergesch!

Sprooch an de WordPress-Astellungen änneren

 

Opgepasst:

Dës Iwwersetzung ass nach net fäerdeg, et ginn nach eng Parti Sätz (virun allem um Back-End, also wat Dir gesitt, wann Dir un den Artikelen an de Säite schafft) op Englesch ugewisen. Et besteet awer keng Gefor fir Är WordPress-Installatioun oder Är Dateien.

 

Worpress Themes & Plugins op Lëtzebuergesch

Wa WordPress op Lëtzebuergesch funktionnéiert, kënnt Dir Är Themes / Plugins op Lëtzebuergesch iwwersetzen. Dës Iwwersetzunge si leider vir all Theme an all Plugin spezifesch, hei eng Lëscht vun den Themes a Plugins, fir déi et fäerdeg Sproochepäck op Lëtzebuergesch gëtt (Dës Sprrochepäck ginn automatesch matinstalléiert, wann Dir den Theme / Plugin op e lëtzebuergesche WordPress installéiert):

Themes

Twenty Thirteen
Twenty Fifteen
Twenty Sixteen

Plugins

Leider nach kee Plugin fäerdeg iwwersat