Virleefeg Sproochepäck

D’Iwwersetze vu WordPress op lëtzebuergesch ass nach laang net ofgeschloss, dofir gëtt et och nach leider keng offiziell lëtzebuergesch Versioun fir erofzelueden.

En attendant kënnt dir déi aktuellst Sproochepäck fir déi aktuell Versioun vu WordPress manuell eroflueden, an zwar ënnert dëse Linken:

Dës zwee Fichieren mussen an “lb_LU.po” an “lb_LU.mo” ëmbenannt ginn a manuell an den Dossier “wp-content/languages” gesat ginn (zb iwwert en FTP-Client oder mat engem Dateimanager-Plugin), a scho kënnt dir Äre Site och op lëtzebuergesch ubidden!